20 novembre 2019

Général   





RTL Rebound app
RTL Rebound - Laurent Schmit

21 octobre 2019
Calendrier 2019-2020
cliquez ici

13 octobre 2019
New DigiBou package 1.5.5.5
cliquez ici

>> Toutes les mises à jour
Actualités

U18 Hommes : FIBA U18M European Championship Div B: Lëtzebuerg konnt leider keng Victoire feieren


Lëtzebuerg – Kosovo 49-67 (15-18, 6-14, 14-17, 14-18)
 
Gëscht stoung dee leschte Match vun dëser EM fir eis Jongen um Programm. Mir hunn alles probéiert fir géint Kosovo ze gewannen an sou kennen an der Div B. ze bleiwen. Et sollt zum Schluss awer einfach net duer goen.
Lëtzebuerg ass nervös an de Match gestart an huet sech vill Feelpassen erlaabt, déi Equipe aus dem Kosovo mat einfache Punkte bestrooft huet.
Trotz enger gudder Defense louche mir nom éischte Véierel 15-18 hannen. Am zweete Véierel hunn mir eis an der Offense weiderhi schwéier gedoen, soudass mir  mat engem 11 Punkte Réckstand anPaus gaange sinn. Den drëtte Véierel hunn mir dunn staark ugefaangen (10-0 Run) a konnte bis op 1 Punkt erun kommen. Equipe aus dem Kosovo hat awer ëmmer eng Äntwert parat.
Zum Schluss huet eiser jonker Equipe d‘Kraft an d‘Erfaarung gefeelt fir de Match kennen ze gewannen.
Trotz de Resultater, an deenen deels ganz schwéiere Géigner, ass eis Equipe ëmmer positiv bliwwen an huet zu kengem Moment opgehale mat kämpfen. Am Numm vun der ganzer Equipe an dem Coaching Staff soe mir jidderengem deen eis, virun a wärend dëser EM, sou gutt ënnerstëtzt huet ee ganz grousse MERCI!
 
Fir Lëtzebuerg:
Timo Tani 7 assists / 5 reb, Chidi Delhommais 10 pts / 8reb, Raphael Nothomb 3 pts, Felix Vlaminck 19 pts/ 8 reb, Antoine Lejeune, Gabriel Solomon 3 pts / 3 reb, Diogo Ramos Dias 9pts, Dino Ceman 5 Pts / 5 reb, Zino Beslija, Jeff Keller
 



Date : 05 août 2019 - Heure : 14:32:02



>> Autres actualités de catégorie 'U18 Hommes'
>> Toutes les actualités

>> Présentation cadre 'U18 Hommes'
Recherche FLBB.LU :
GENERAL | ADMINISTRATIF | NATIONAL | INTERNATIONAL | RELATIONS | CONTACTS





Copyright © 2004-2019 par FLBB. Tous droits réservés. Hébergement par e-hosting.lu.
Pour des questions ou commentaires, veuillez contacter info@flbb.lu