13 novembre 2019

Général   





RTL Rebound app
RTL Rebound - Laurent Schmit

21 octobre 2019
Calendrier 2019-2020
cliquez ici

13 octobre 2019
New DigiBou package 1.5.5.5
cliquez ici

>> Toutes les mises à jour
Actualités

Events : BaWü Exchange 2019


U14 Mädchen

Match 1 56-72

Match 2 56-85

Match 3 47-64

D’U14 Meedercher verléiere leider hier 3 Matcher wärend dem Echange mat hiren Altersfrëndinnen aus Baden Württemberg. Meedercher hunn all Match gutt gekämpft mee ware leider de kierperlech vill méi staarken däitsche Meedercher ënnerleeën. Als 1.Bestandsopnam ass de Camp awer positiv ze analyséieren an et si schonn éischt Verbesserungen ze erkenne gewiescht. Um 5 Regiounen Tournoi am Dezember wäerte lëtzebuergesch Meedercher sécherlech nach méi mathale kënnen.

Mariusz Dziurdzia:

„Trotz den drei Niederlagen war es ein guter Austausch für uns. Wir konnten während 4 Tagen intensiv mit den Mädchen arbeiten und sie sind als Team enger zusammengewachsen. Man hat manche vielversprechende Sachen in unserem Spiel gesehen, aber es wartet sicherlich noch sehr viel Arbeit auf uns.“

 

Fir Lëtzebuerg huet gespillt:

Elena Marin (Sparta Bertrange; 10 + 6 + 9 Punkte), 

Seila Skrijelj (T71 Dudelange; 5+ 14 +8), 

Emma Blasen (T71 Dudelange; 4 +12), 

Marie Drui (Amicale Steinsel; 2 + 2), 

Virginie Geelen (Amicale Steinsel; 1 + 7), 

Lara Lepage Post (Amicale Steinsel; 2), 

Ameila Juchno (Grengewald Hostert; 2 + 7), 

Isa Hämäläinen (Residence Walferdange; 8 + 8), 

Zoé Mischo (Amicale Steinsel; 4),

Nina Auxenfants (Residence Walferdange; 11), 

Lola Resslinger (Grengewald Hostert; 2 + 4), 

Laura Lorusso (T71 Dudelange; 9 + 6 + 4), 

Lynn Strasser (T71 Dudelange; 4),

Noée van der Schilden (Grengewald Hostert; 2 + 5), 

Lara Jemming (T71 Dudelange)

 

U14 Jungs

Game 1

Lëtzebuerg - Baden-Württemberg 86-80

(19-12; 23-21; 19-24; 24-23)

Eis Jongen si richteg gutt an dëse BaWü 2019 gestart. Si hunn wierklech e formidabelen Teamgeescht mat vill Energie souwuel um Terrain wéi och op der Bänk bewisen. Obwuel mir e puer Feeler bäi der Defense gemaach hunn, huet eis héich Trefferquot eis et erlaabt, déi éischt 3 Véierel zu eise Gonschten ze entscheeden an déi meeschten Zäit d’Féierung ze iwwerhuelen. Am leschte Véierel huet BaWü et fäerdeg mat eis gläich ze zéien, mee eis Jongen hunn sech net ënner Drock setze gelooss a konnten dëse Match op 6 Punkte gewannen.

Fir Lëtzebuerg huet gespillt: Philippe Stoffel 8, Maik Zhan 12 (2), Ange Konan 0, Bob Rech 17 (2), Gerry Schuder 3, Finn Paris 6, Ayrton Babinyanga 4, José Sanches 2, Fabien Vandler 12, Gianni Beslija 18 (1), Matt Jaeger 0, Maxim Welter 4

 

Game 2

Lëtzebuerg - Baden-Württemberg 76-87

(24-21; 12-24; 24-29; 16-13)

Och dës Kéier si mir gutt an de Match erakomm, obwuel bei eiser Verdeedegung nach Loft no uewe war. D’Problemer sinn am 2.Véierel lassgaangen, wéi de Ball de Wee net méi richteg an de Kuerf fonnt huet. Doduerch louche mir an der Halschent och schonns 9 Punkten hannen. Den 3.Véierel war eis offensiivt Spill erëm méi effikass, awer mir hate weider Problemer mat der Defense sou, datt mir et BaWü erméiglecht hunn, vill ze vill Fastbreaks mat einfache Lay-ups ofzeschléissen. Wärend de leschten 10 Minutten hu mir déi Däitsch Equipe gebremst kritt, mee leider sollt et net mir fir eis duer goen.

Fir Lëtzebuerg huet gespillt: Jason Hartz 0, Maik Zhan 15 (1), Ange Konan 4, Bob Rech 19 (4), Edson Silva 4, Finn Paris 12, Max Hagen 2, Ayrton Babinyanga 0, José Sanches 0, Fabien Vandler 13 (1), Gianni Beslija 6, Maxim Welter 1

 

Game 3

Lëtzebuerg - Baden-Württemberg 52-88

(13-22; 8-28; 13-19; 18-19)

Mir wousste genau, op wat mir misste bäi dem 3. a leschte Match oppassen; besonnesch un der Defense wollte mir schaffen. Déi zwou Saachen déi mir wollte verbessere waren, eis Géigner ze stoppen, wann si duerch d’Mëtt wollte goen a méi séier an d’Defense zerécklafen. Leider konnte mir dëst um Terrain net richteg ëmsetzen an esou huet BaWü vun Ufank un d’Spill kontrolléiert. Am 2.Véierel huet et bal ausgesinn, wéi wann d’Loft eraus wär a wa mir net méi richteg op d’Spill konzentréiert wären, wat d’Situatioun natierlech verschlëmmert huet. No der Paus hunn d’Jongen awer Charakter gewisen a reagéiert an e bessere Match gewisen. Mee leider ass et net méi duer gaange fir de Retard ze verkierzen. Et war e wierklech gudden Austausch an, obwuel mir nach vill Punkte verbessere mussen, huet d’Equipe d’Potenzial sech weider ze entwéckelen a mat der richteger Aarbecht an dem néidegen Asaz wäert mir dëst Zil bestëmmt erreechen.

Fir Lëtzebuerg huet gespillt: Jason Hartz 0, Philippe Stoffel 0, Bob Rech 6, Gerry Schuder 7, Edson Silva 6, Finn Paris 8, Max Hagen 0, Ayrton Babinyanga 2, Fabien Vandler 4, Gianni Beslija 9 (1), Matt Jaeger 10 (2), Maxim Welter 0



Date : 04 novembre 2019 - Heure : 11:43:21



>> Autres actualités de catégorie 'Events'
>> Toutes les actualités

Recherche FLBB.LU :
GENERAL | ADMINISTRATIF | NATIONAL | INTERNATIONAL | RELATIONS | CONTACTS





Copyright © 2004-2019 par FLBB. Tous droits réservés. Hébergement par e-hosting.lu.
Pour des questions ou commentaires, veuillez contacter info@flbb.lu